D’Geschicht vun onser Asbl huet 1998 ugefaangen. E puer Frënn aus engem anere Veräin si op d’Csókakö gefuer, wou ee vun hinnen sech een Haus kaaft hat. Deemools hu mir vill vu Csókakö resp. vun Ungarn gesinn, mee keen huet dru geduergt dass dat de Grondsteen vun onser Asbl war.
Am November vun dem Joer si mir zu e puer eng zweete Kéier op Csókakö gefuer, wou mir vum nei gewielte Buergermeeschter empfaange goufen. Hien hat den Wonsch eng Partnerschaft mat ons ze maachen.
Zréck zu Hiefenech si mir dem Wonsch no komm, d’Statue fir d’Asbl si geschriwwe ginn an, am Mee 1999 ass zu Csókakö ons Partnerschaft gefeiert ginn. Ee Partnerschaftskontrakt gouf ënnerschriwwen a sou sinn d’Frënn vu Csókakö Hiefenech an d’Frënn vun Hiefenech Csókakö entstanen.
Virun zwee Joer hu mir an Ungarn onst 25 järegt Jubiläum gefeiert. An deene 25 Joer ass aus enger Partnerschaft eng Frëndschaft ginn. Am Joresrhythmus besichen d’Veräiner sech géigesäiteg, dobäi entstinn zesumme Projeten.
Besonesch luch ons d’Schoul- a Pompjeeswiesen um Häerz. Am Ufank hu mir d’Schoul mat gebrauchte Computer, Schoulbänken asw. ageriicht, duerno hu mir den Dach a Fënstere vun engem Schoulgebai erneiert. Fir d’Pompjeeswiesen hate mir d’Chance 2 TLF’en vun der Jonglënster Gemeng, ee fir Csókakö an ee fir d’Nopeschgemeng Bodajk weider ze ginn.
Och hu mir Leit a Nout finanziell gehollef, de Projet Csenge ee Meedche wat vun engem Moment op deen aneren Vollwaisen ginn ass, de Projet Lena ee Meedche vun 2 Joer ass liewensgeféierlech vun engem Hond attackéiert ginn, de Projet Geschwëster Molnár déi duerch divers Ëmstänn an deen déifste Stand vun der Aarmut komm sinn.
Méi erfreelech Projeten hate mir wou mir de Schoulkanner een Openthalt an onser Gemeng erméiglecht haten an de Jugendaustausch wou jugendlecher aus Ungarn an aus onser Regioun zesumme flott Woche verbruecht hunn. Zënter Joren bréngt de Kleeschen de Schoulkanner Titercher déi mir finanzéiert hunn.
Dann ons Transporter mat Hëllefsmaterial, an deene Jore wäerte mir iwwer 50 Camionen nat all kéiers +- 10 Tonne Material dorower geschéckt hunn. All déi Projete gi mat onsem Partnerveräin zu Csókakö organiséiert a si maachen d’Verdeelung dass alles do ukënnt wou fir et geduergt war.
De Moment besteet ons asbl. aus 28 Memberen. Mir treffen ons all éischten Dënschdeg am Mount fir ons Eventer ze beschwätzen an ze organiséieren. Den Ungareschen Dag, onst Grillfest aus dem dëst Joer ee Summerfest gëtt an ons Haxefest sinn iwwert d’Joren ee feste Bestanddeel am Manifestatiounskalenner vun der Gemeng.
Wann Dir weider Informatiounen wëllt, kontaktéiert ons per SMS um 621 497 011 oder iwwer Mail op schiltzw@pt.lu.
Contact
Guy Schiltz
Tél.: (+352) 621 497 011
E-Mail: schiltzw@pt.lu
