D’Amiperas Sektioun Hiefenech-Reiland ass 1996 ënnert dem deemolege President Jos Wohlfart a Buergermeeschter Gast Neuman gegrënnt ginn. Als traditionnelle Cadeau vum Amiperas Verband, krut d’Sektioun déi üblech Kaffismaschinn geschenkt. Presidentinnen bis elo waren d’Marie-Thérèse Charpentier, Marie-Louise Pellé, Regine Winckel. Aktuell ass Sylvie Winkcle Presidentin vun der Sektioun.

2026 kann d’Sektioun hiren 30ten Gebuertsdag feieren. 30 Joer am Kader vum Benevolat wou all 2 Wochen eng Porte Ouverte organiséiert gëtt. An de leschte Joren ass emol am Mount Porte Ouverte mat engem Mëttegiesse verbonnen, wou d’Memberen zu engem soziale Präis zesumm ze Mëtteg iesse kënnen. Déi Porte Ouverte sinn dofir do dass d’Leit vum 3ten Alter sech reegelméisseg treffe kënnen, fir e puer gemitterlech Stonnen zesummen ze verbréngen. Bei Kaffi a Kuch gëtt zesumme gepottert, Spiller gemach oder Kaart gespillt.

Emol am Joer feiere mir mat de Memberen de Journée du Grand âge a net ze vergierssen onst Chrëschtdagsiessen, Mammen- a Papendag gëtt och speziell gefeiert.

Zur Zäit zielt on Sektioun ron 60 Memberen aus der Gemeng a Regioun. Hutt Dir emol Loscht bis an eng Porte Ouverte ze komme sierf dat op eng mat Kaffi a Kuch oder eng mat Mëttegiessen da mellt Iech um Telefon 621 497 407 oder mat enger Mail um winckels@pt.lu. Mir géifen ons freeën.

Contact

Schiltz-Winckel Sylvie

Tél.: (+352)  621 497 407

E-Mail: winckels@pt.lu

Ausfluch op Ste Wendel op den Ouschtermaart 2025

Dernière modification le 19.05.2026
Aller au contenu principal