Am Mäi 2024 waren déi 4 Grënnungsmemberen zesummen an Ungarn, um Programm stounge bei villen Visitten och déi eng oder aner Distillerie. Mir 4 hunn um Heemwee, vill iwwert dëst  kulturellt Iewe geschwat, an hunn och Relatioune mat aneren europäesche Länner gezunn. Dobäi ass eis opgefall, dass virun allem zu Lëtzebuerg, dach des Kultur vun dësem Handwierk a Wëssen, ëmmer méi verluer geet.

No eisem éischte Fest an der Gemeng, engem Kaffisbuffet, goufe mir vu Léit ugeschwat, déi och wéilten Deel vun eisem Veräi ginn, esou ass eise Veräi séier gewuess.

Aktuell besteet eise Veräin aus 11 Memberen, eis Versammlunge fannen all 3ten Dënsten am Mount statt, do gëtt dann iwwer eis Manifestatioune geschwat, wéi och mol eng Degustatioun organiséiert.

Mir probéieren ob vilfältege Manifestatiounen am Duerf, de Bierger déi Kultur vum Destilléiere méi no ze bréngen.

Fir weider Informatiounen zeckt net, fir ob dem 621 277 567 oder per E-Mail bindelst@pt.lu oder schiltzw@pt.lu Kontakt ob ze huelen.

Mir soen Iech villmools Merci

De Comité

Contact

Bindels Tom

Tél.: (+352)  621 277 567

E-Mail: bindelst@pt.lu

Marche Gourmande 2026

Dernière modification le 05.08.2026
Aller au contenu principal